De
Bam (Max)
Et
steet eng Dänn an eisem Gaart,
déi
hat mäi Papp dohi gesat.
Dee
schéine Bam ass lues a lues
mir
ëmmer méi un d’Häerz gewues.
Wann
d’Fréijoer kënnt an alles blitt,
meng
Dänn nees mei gréng Spëtze kritt.
Dann
ass am Gaart déi woodlech Loft,
duerchsat
mat frëschem Dännendoft.
An
op der Dänn, bal an der Spëtzt,
nees
Dag fir Dag eng Märel sëtzt.
Se
séngt all Fréijoer op e Neits,
hier
Lidder, eng schéin, gefälleg Weis.
|